D'Melusinnen

D'Melusinnen

Théâtre
sam. 27/04/2024 — 20h00
Prix Plein: 22.00€
Cube Card: 19.00€
< 26 ans: 11.00€
Kulturpass: 1.50€
Acheter tickets

Avec | Véronique Kinnen, Noémie Leer, Géraldine Posing & Isabel Bib Wolff
Textes | Josiane Kartheiser, Christiane Kremer, Noémie Leer & Roland Meyer
Musique | Noémie Leer & Georges Urwald
Mise en scène | Roland Meyer
Assistance | Bruna Gorza
Chorégraphie | Nathalie Moyen
Enregistrements | Christophe Birgen
Mixage | Georges Majerus
Musiciens live | Pierre Brouant & John Wolter

Tickets

Informations : +352 521 521 | info@cube521.lu

Am Joer 2024 brauch Lucilinburhuc definitiv ee Fraekabaret ! D’Melusinnen erfëllen mat sprëtzeg-frechem Sproochwitz an enger gewoter, feminin-feministescher Büneshow all Är geheimste Wënsch an wëllsten Dreem. Spectacle en luxembourgeois.

Wéi sollt d'Melusina sech fillen, wann et haut liewe géif? Wär hatt eis Grand-Duchesse oder éischter eng Influencerin, déi eis Massage-Ueleg verkafe wéilt?

Wie wär säi Sigfrid? Den Heng, de Xav, de Serge Tonnar oder iewer de Flavio Becca? An eigentlech hätt et schonn deemools vill léiwer de Sigfrid aus der Nibellungeso gehat, dee géint d'Draache kämpft an ee reegelrechte Playboy war, wéi säi Langweiler vu Feelen, deen him eng ongehëtzt Buedkummer als Prisong op engem verloossene Fiels gebaut hat. Oder wär säi Sigfrid um Enn dach éischter ee Sigfrida?

A ganz bestëmmt wéilt hatt och net just all 7 Joer eng Kéier opdauchen a verzweifelt op een Erléiser hoffen, mee hatt wéilt säi Liewen a vollen Zich genéissen, sangen, danzen a feieren an ni méi un d’Verspriechen an un d’Schwier vun de Männer gleewen.

Am Joer 2024 brauch Lucilinburhuc definitiv ee Fraekabaret, deen op der Héicht vun der Zäit Stellung zu der Lag vun eiser Bommeleeër*innen-Natioun hëlt. D’Melusinnen erfëllen mat sprëtzeg-frechem Sproochwitz an enger gewoter, feminin-feministescher Büneshow all Är geheimste Wënsch an wëllsten Dreem.


Photo © Claude Sibenaler