Tri2pattes | Fir laachen, dréckt 3

Tri2pattes | Fir laachen, dréckt 3

Theater
Sa. 08/02/2025 — 20h00
Preis Erwachsene: 22.00€
Cube Card: 19.00€
< 26 Jahren: 11.00€
Kulturpass: 1.50€
Tickets kaufen

Mam | Sonja Schmitz, Dan Theisen & Änder Thill
Choreographie | Sara Eden
Technik | Fanfan Chotro, Gil Nieles & Arsène Salvestrin
Bün | Sylvie a Marco Schmitz

Tickets

Informationen: +352 521 521 | info@cube521.lu

Den neie Comedy-Programm vun Tri2Pattes.

Een Alldag ouni Laachen, dat misst verbuede sinn! An awer ass Laachen fir muenchereen keng Selbstverständlechkeet! Mir stressen eis, si flemmseg a genervt, granzen, ginn heiansdo richteg rosen, obwuel dat eis meeschtens och net wierklech weiderbréngt! Dobäi, wa mir eis selwer net ëmmer sou eescht géifen huelen, da kéinte mir vläicht souguer iwwert eisen eegenen Eefalt laachen! A genee mat der Astellung géif de Bléck an de Spigel fir muenchereen ënner Ëmstänn ganz nei Perspektiven erginn!

Och an dësem neie Comedy-Programm vun Tri2Pattes ass genee dat de Leitmotiv, an am Fong déi wichtegst Inspiratiounsquell, an dat fir eng Hellewull vu lëschtege Sketcher, Lidder, Dänz, Pantomim a Clownerie. E Moment prall gefëllt mat gudder Laun, dat steet hei um Menü. Och Laachen ass hei eng Optioun, vläicht souguer fir déi, déi dodran zimlech zéi sinn! Traut iech, kommt kucken an iwwerzeegt Iech selwer.


Foto © Alle Rechte vorbehalten