King Tel Mo Rei

King Tel Mo Rei

Théâtre
ven. 03/03/2023 — 20h00
Prix Plein: 26.00€
Cube Card: 21.00€
< 26 ans: 12.00€
Kulturpass: 1.50€
Acheter tickets

Texte | Roland Meyer
Mise en scène & Décor | Claude Mangen
Dramaturgie | Odile Simon
Acteurs | Michael Mahjoubi, Max Bäcker, Clara Hertz, Sandra Proenca Caldeira, Claude Faber, Noémie Leer
Coproduction | Mierscher Kulturhaus & Cube 521

Tickets

Informations : +352 521 521 | info@cube521.lu

En 2017, Roland Meyer a reçu le « Lëtzebuerger Buchpräis » pour son livre de jeunesse Tel Mo. Cette pièce de théâtre est la suite de son ouvrage, toujours d’actualité. Une pièce de théâtre pour les jeunes à partir de 14 ans.
Scéance scolaire | JEU, 02.03.2023 | 09.30


Elo geet et em Alles
Mir erënneren eis, den Telmo ass de Jong, dien als Schoulbouf scho wéinst sengem Verhalen a senger Brutalitéit opgefall war. Hien huet den Elteren hiert Appartement a Brand gestach, hien huet seng Matschüler erpresst an hien huet de Rafael ënnert ee Bus gestouss, esou datt die queeschschnëttsgeläämt ass.

Den Telmo ass elo véier Joer méi al an hie sëtzt am Jugendprisong. Hien huet mat Droge gedealt an ee vu senge Clienten ass gestuerwen. Fir seng Mamm, fir seng Betreier, fir d’Police an d’Justice a schlussendlech fir eis all stellt sech d’Fro, wéi mat esou jonke Leit ëmgoen. Kann een se nach erzéien oder muss een se schonn aspären?

Wéi den Telmo ee Bouf vun e puer Joer war, ass säi Papp zréck a Portugal gaangen an en huet d’Famill op engem Scholdebierg sëtze gelooss. Den Telmo huet weder richteg Portugisesch nach Lëtzebuergesch schwätze geléiert. Datt hie schonn als Kand als sougenannte Systemsprenger an engem Foyer geland ass, verwonnert net!

An et gëtt dier Jugendlecher ëmmer méi, d’Gewalt hëlt zou, d’Schoulen an d’sozial Servicer sinn iwwerfuerdert, d’Police kann dacks just nach nokucken a leeft hannendrun. Präventioun funktionéiert kaum a gëtt zur Farce.


Photo : © Bohumil Kostohryz