ANNULÉ | Kabaret Sténkdéier

ANNULÉ | Kabaret Sténkdéier

Théâtre
ven. 15/11/2024 — 20h00
Prix Plein: 22.00€
Cube Card: 19.00€
< 26 ans: 11.00€
Kulturpass: 1.50€

Avec | Conny Braquet, Claude Faber, Luc Schumacher & Irène Zeimes
Textes | Roland Meyer
Mise en scène | Joe Heintzen & Noémie Leer
Musique | Camille Nanquette

Tickets

Informations : +352 521 521 | info@cube521.lu

Nous sommes au regret d'annuler les représentations du « Kabaret Sténkdéier », en raison d'une indisponibilité au sein des acteurs. Notre service de billetterie contactera dans les prochains jours les spectateurs qui ont déjà acheté ou réservé des billets. Nous nous tenons à votre disposition pour répondre à vos questions. Nous vous remercions de votre compréhension. 


De Kabaret Sténkdéier mam neie Programm „Mat vollem Karacho“. En luxembourgeois.

Geet et Iech an der Lescht net och e bëssen ze schëtzeg?

Ee Moment net opgepasst, a schonns blénkt déi rout Luucht um Radar. D’Frigosdier e bëssen ze laang opgelooss, d’Wäsch net direkt ausgeraumt, de Printer brauch neien Toner, a schonns piipst a blénkt et wéi verréckt an Dir kommt es kaum erno.

Nëmme wie fréi un ass, dee kritt déi gutt Präisser, wien sech féx bäimécht, profitéiert vun den Avantagen. Wie bei der Digitalisatioun de Fouss net um Gas léist, gëtt äiskal iwwerholl a bleift aleng am Ree stoen. Méi séier, méi héich, méi wäit! Wat soss just am Sport gezielt huet, gëllt elo och an eiser aller Privatliewen. Optimiséier dech! Sief dee Beschten, sief dee Schéinsten, sief dee Séiersten! „Dee Leschten ass dee Beschten“ war definitiv fréier.

An déi Karacho-Mentalitéit hunn eis populistesch Cowboys a Cowgirls och an der Politik salonfäeg gemaach. Wien an der Roll vum Sheriff ze glänze weess, méi séier schéisst wéi säin eegene Schiet, deem ass den Applaus vum Publikum an ee Sëtz um Krautmaart sécher. Wie bremst, oder schlëmmer nach, wien denkt, deen huet verluer.

Mee wuer féiert déi Hetz hin? Lafe mer net all mat zouen Aen an eist Verdierwen? Fäerte mir tatsächlech, net als éischten un dem Péitruss seng Paart ze klappen?

Gonnt Iech eng wuelverdéngten Auszäit, huelt Iech Zäit, trëppelt amplaz ze lafen, otemt eng Kéier ganz déif an a loosst Iech vun eisen zertifizéierten Entschleuneger vum Kabaret Sténkdéier zeréck op de Buedem vun den Tatsaache beamen. Nëmme wien a sengem Rhythmus geet, dee geet wierklech mat der Zäit.


Photo © Claude Sibenaler