Mämmories

Mämmories

Variété
So. 12/01/2025 — 18h00
Preis Erwachsene: 22.00€
Cube Card: 19.00€
< 26 Jahren: 11.00€
Kulturpass: 1.50€
Tickets kaufen

Mam | Michèle Turpel
Regie | Jemp Schuster
Musek | Claire Parsons
Affiche | Meluma

Tickets

Informationen: +352 521 521 | info@cube521.lu

No Croque Mëssiö (2009) an Autopsy (2019) presentéiert d’Michèle Turpel, alias Mi Tu, (net ze verwiessele mat Me Too) 2024 säin 3. Soloprogramm Mämmories, geschriwwen an inszenéiert vum Jemp Schuster.

Wat gëtt een net alles gewuer, wann eng Fra, déi op alle grousse Büne vun der Welt performt huet, dat behaapt se emol, hir Schminkkëscht opmécht an ufänkt ze poteren. Am Scheinwerferliicht glënnert a blénkt alles, mee hannert de Kulisse gesinn och déi gréisste Staren a Stärecher blatzeg aus.

Firwat gëtt eng Artistin zu New York, London, Berlin oder Paräis zur Diva an heiheem kennt keen se? Kann een net och zu Lëtzebuerg weltberüümt ginn?
Mir ginn de Risiko an. Mämmories ass Showbiz am Stil vum magesche Realismus.

D’Musek fir dës Show huet d’Claire Parsons komponéiert. D’Affiche kënnt aus der Fieder vum Meluma.


Foto © Meluma