Drei Liter!
Drei Liter!
Reservierung erforderlich.
Produktioun | Cube 521
Koproduktioun | Erzielkonscht a.s.b.l.
Kënschtleresch Leedung a Kreatioun | Betsy Dentzer, Misch Feinen
Kënschtleresch Begleedung | Fränz Hausemer
Finanziell Ënnerstëtzung | Œuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte
Diese Veranstaltung ist Teil des Culture Sampler Abos.
Informationen: +352 521 521 | info@cube521.lu
„Drei Liter!“ ass eng immersiv Kreatioun, eng Rees tëscht gëschter, haut a muer, eng Ausenanersetzung mat individuellen, mee och gesellschaftlechen Haltungen an Emotiounen an Zäite vu Krich.
Schoulvirstellungen:
FR, 26.02.2027 | 10:00 & 14:15
„Drei Liter!“ hu se geruff, fir eng zu där Zäit verlaangte Begréissung z’emgoen. Eng kleng Resistenz an engem Alldag, an deem déi grouss Oppositioun liewensgeféierlech war. Eng vu ville klenge Geschichten aus der Zäit vum Zweete Weltkrich – Anekdoten iwwert Zesummenhalt, Gewëtztheet, Heemlechkeeten a Verloscht, jo…an esouguer iwwert e Stack Rhubarb – an deene mir och haut nach eis Wouerecht fannen.
„Drei Liter!“ ass eng intimistesch Kreatioun, eng Rees tëscht gëschter, haut a muer, eng Ausenanersetzung mat individuellen, mee och gesellschaftlechen Haltungen an Emotiounen an Zäite vu Krisen a Krich.
Déi kënschtleresch Equipe lued an op en Erliefniss tëscht Objetstheater, multimedialer Installatioun an Eege-Reflexioun, gefiddert duerch den Austausch mat Mënschen an Institutiounen aus der Regioun, mee och doriwwer eraus.
„Drei Liter!“ ass och déi final Produktioun vum Projet „Vum HéiereSoen“. An dësem Kader huet de Kënschtler-Duo Betsy Dentzer a Misch Feinen zanter 2024 eng Recherche-Rees duerch Begéignungen, Gespréicher an allerlee Visiten duerch d’Lëtzebuerger Land a méi spezifesch de Klierfer Kanton ënnerholl. Zil vum Laangzäit-Projet ass, souwuel vergaangen Erliefnisser festzehalen, ma se gläichzäiteg ze notzen, fir op haut a muer ze kucken: WAT HUET DAT ALLES HAUT NACH MAT MIR ZE DINN?
E grousse Merci de Biergerinnen a Bierger aus dem Kanton Klierf fir d’Deele vun hiere Geschichten an Anekdoten souwéi all den Vertrieder.inne vun den Institutiounen, déi mer begéinen duerften.
Foto Betsy Dentzer © Véronique Kolber
Foto Misch Feinen © All rights reserved