En Tiger am Rousegäertchen

Plein: 25.00€ / Groupe: 20.00€ / < 26 ans: 12.00

Texte: Marc Limpach. Mise en scène: Frank Feitler. Avec: Luc Feit, Steve Karier, Désirée Nosbusch, Josiane Peiffer, Christiane Rausch, Annette Schlechter, Serge Tonon, Anouk Wagener.

Spectacle en luxembourgeois.
Productioun: Les Théâtres de la Ville de Luxembourg.
Coproductioun: Kasemattentheater, Théâtre d’Esch, Trifolion Echternach.

Freides moies, de 27. Januar 2006, iwwerrascht de Milliardär Lakshmi Mittal de Grand-Duché mat senger OPA fir de Stolproduzent Arcelor, dee grad eréischt déi kanadesch Dofasco geschléckt huet. Arcelor, mat Sëtz zu Lëtzebuerg, war am Februar 2001 duerch d’Fusioun vun der Arbed, der spuenescher Aceralia an der franséischer Usinor gegrënnt ginn. D’Land steet ënner Schock. D’Regierung kënnt op dësem Dag zesummen, awer de Premier ass op Statsvisite am Mali. De Lëtzebuerger Stat ass mat 5,6 Prozent gréissten Eenzelaktionär vun Arcelor, mä d’Majoritéit vun den Arceloraktie sinn am Streebesëtz op de Finanzmäert: den Ausgang vum Mittal senger OPA ass komplett oppen. D’Arcelor versicht vun Ufank un, d’Offer aggressiv ofzewieren an de Codenumm vun deeër Ofwierstrategie ass „Project Tiger”. Et kënnt dobäi och zu munche verbalen Ausrutscher vu „Parfum” contra „Eau de Cologne” bis zu „monnaie de singe” iwwert d’Stolprodukter an d’Aktie vu Mittal Steel. An den Deeg no der Ukënnegung vun der OPA ginn d’Lëtzebuerger Regierung, d’Gewerkschaften an d’Journalisten sech eestëmmeg patriotesch. Eng Reprise hätt fatal Konsequenze fir Lëtzebuerg. D’Land géif als Industriestanduert ausgeblutt. De soziale Modell géif ënnergruewen. „Mär wëllen den Här Mittal a seng Famill net bei eis an net an Europa.” An heroeschem Stil titelt d’Tageblatt: „It’s NO, Mr Mittal!” an dat konservatiivt Wort riicht direkt en Internetforum an, wou ee vu rosene User liese kann, dass kee Lëtzebuerger en indesche Milliardär um Rousegäertche sëtze gesi wëll. D’Leitartikler schreiwe vun „Äerdbiewen”, enger Gefor fir „d’national Identitéit” a spekuléieren iwwert „d’Géigenoffensiv”. Dënschdes, den 31. Januar, schwätzt dann de Premier an der Chamber: „D’Lëtzebuerger Regierung ass där feindlecher OPA vu Mittal op d’Arcelor onfrëndlech gesënnt. Mir wëllen se net, well mer se net verstinn.” An Europa entsteet eng kuerz Debatt iwwer wirtschaftleche Patriotismus, awer relativ séier verstinn déi europäesch Politiker, dass just d’Arceloraktionären dës Schluecht entscheede kënnen. Och zu Lëtzebuerg fänken d’Politiker heemlech un ëmzefalen, wéi d’Lëtzebuerger Finanzplaz a Gefor gerode kéint. De Lakshmi Mittal geet mat sengem Bouf Aditya op eng Charmeoffensiv duerch ganz Europa. Arcelor probéiert nach méi wéi sechs Méint mat alle Mëttelen, eng feindlech Iwwernahm ze verhënneren. Béid Säiten engagéiere Legioune vu Banquieren, Affekoten, PR-Agencen an aner Beroder. E „wäisse Ritter” aus Russland soll eng Géigenoffer fir d’Arcelor maachen, awer déi international Finanzcommunautéit ass dergéint. Wéi dem Mittal seng Offer gehéicht gëtt an hie versprécht, dass de Sëtz vum neie Konzern op Lëtzebuerg kënnt, ass alles decidéiert – a jidderee freet sech op eemol iwwert déi gutt Léisung.

D’Stéck En Tiger am Rousegäertchen ass entstan aus enger Zesummenaarbecht tëscht dem Marc Limpach an dem Frank Feitler, deen, no senge laangen an erfollegräiche Joren als Direkter vun de Stater Theateren, fir d’éischt erëm d’Säit wiesselt an e Stéck inszenéiert. D’Inszenéierung, mat aacht bekannte Lëtzebuerger Schauspiller erschafft, beschreift d’Schluecht tëscht Mittal an Arcelor aus enger Lëtzebuerger Perspektiv, als Gesellschaftsfarce iwwer de Konflikt tëscht nationalen Identitéiten an Intressen an der Globaliséierung, tëscht Finanzplaz an Industriegesellschaft, tëscht neoliberale Finanzmäert an dem europäesche Sozialmodell.

Dieses Theaterstück kann auch im Rahmen des Theater-Abos, (4 Vorstellungen zur freien Auswahl zum Vorzugspreis von 77 €), zusammen mit "Unwiderstehlich" (25.11.2016), "Anne Frank: Das Tagebuch" (19.1.2017), "Kunst" (2.3.2017), "Camus: Les Justes" (20.5.2017) gebucht werden.


Durée: 75'

©Bohumil Kostohryz


 

Cube 521 1-3, Driicht, Marnach, Luxembourg

Calendrier

Newsletter

Plan de salle

En raison d’une demande croissante de notre public, nous avons agrandi notre salle. Téléchargez notre nouveau plan de salle en format pdf.

Espace Pro/presse

Connexion

Les documents de presse pour les manifestations respectives, si disponibles, seront affichés dans la fiche de la manifestation sous l'onglet "Presse"

Email ou mot de passe invalide. Il est aussi probable que votre compte n'ai pas encore été validé par un administrateur.

Demande d'inscription
Une erreur est survenue lors de votre inscription. Veuillez vérifier vos informations.
Votre inscription a été enregistrée. Votre compte sera actif dès lors qu'un administrateur l'aura validé.