d'Cojellico's Jangen

Erwachsene:18.00€ / Gruppe:15.00€ / < 26 Jahren:9.00

Gejangsquintett. Späschel Gäscht - Yvon Streff alias Rhäifränsch-Yvon. Lëtzebuerger 'Schlager' ronderëm d’Spëtzbouwe Poutty Stein, Louis Petit, Jempy Welter, Sepp Thill & Co. fir 5 Männerstëmmen a Piano Gejangsquintett am Stil vun den onvergiessleche Comedian Harmonists!

Et sangen a spillen:

1.Tenouer – Raymond Majerus
2.Tenouer – Arend Herold
3.Tenouer – Georges Urwald
Bariton - Carlo Migy
Bass – Jean-Marie Kieffer
Piano – Christophe Nanquette

‚Bei einem kühlen Humpen, da saß Cojellico’s Jang – mit einem Zigarstumpen und einem belschen Frang ...’. Dat sinn d’Wierder vum Lëtzebuerger Dichter a Revue-Auteur Jean-Pierre Welter alias Theriente. ‚In einem kühlen Grunde, da geht ein Mühlenrad – mein Liebchen ist verschwunden, was dort gewohnet hat...’. Dës Wierder huet de berühmten däitsche Romantiker Joseph von Eichendorff originalerweis op déi selwecht Musek verfaasst. Den däitsche Gesanksquintett Comedian Harmonists huet an den 1920er Joeren ‚In einem kühlen Grunde’ (Musek vum Friedrich Glück) enger breeder Ëffentlechkeet bekannt gemat. D’Cojellico’s Jangen, dat si sechs befrënnte Museker, déi sech zesumme gestallt hunn, fir am Kader vum Spektakel ‚Schlüpferesch – en Hommage un déi Wëll Zwanzeger Joeren’ am Mäerz 2011 am Stued Theater zu Gréiwemaacher original Arrangementer vun de Comedian Harmonists ze interpretéieren: Mein kleiner grüner Kaktus, Veronika der Lentz ist da, Das ist die Liebe der Matrosen ... an de Cojellico’s Jang!

De groussen Erfolleg, och vum Cojellico’s Jang, de Spaass an d’Freed woren d’Ausléiser fir den Ensemble an d’Musek weider ze entwéckelen. Am léiwste mat Lëtzebuerger Stëmmungslidder a ‚Schlager’, nei arrangéiert fir de Quintett a säi Pianist. Sou zesoen am Stil vun de Comedian Harmonists.

Usprochsvoll, stëmmungsvoll an zougänglech zugläich.

Cube 521 1-3, Driicht, Marnach, Luxembourg

Kalender

Newsletter

Saalplan

Aufgrund der steigenden Nachfrage unseres Publikums wurde unser Saal vergrößert. Hier können Sie unseren neuen Saalplan als PDF-Datei herunterladen.

Presse-Bereich

connexion

Pressematerial finden Sie, wenn verfügbar, bei der jeweiligen Vorstellung unter „Presse“.

Ungültige E-mail oder Passwort. Es kann sein, dass das Konto noch nicht freigeschaltet wurde.

Anmeldung beantragen
Bei ihrer Anmeldung ist ein Fehler aufgetreten. Bitte überprüfen Sie ihre Angaben.
Ihre Anmeldung ist gespeichert. Ihr Konto wird demnächst freigeschaltet.