Räpzodi

Erwachsene:18.00€ / Gruppe:16.00€ / < 26 Jahren:9.00

Déi neiesten Museksproduktioun vum Kënschtlerkollektiv a Musekslabel MASKéNADA, ronderem den Tommek, de jonke lëtzebuerger Rapper vun der Nordspëtzt. De Rap ass op Lëtzebuergesch an den Zodi ass akustesch.

Räpzodi, dat ass Rap an Zodi, also Schwätzgesang a Kaméidi.

De Rap ass op Lëtzebuergesch an den Zodi ass akustesch, also net, wéi gewinnt am Hiphop, mat fäerdeg produzéierte Beats & Samples, mee mat richtegen akusteschen Instrumenter. Et ass déi neisten Museksproduktioun vum Kënschtlerkollektiv a Musekslabel MASKéNADA, ronderëm den Tommek, de jonke lëtzebuerger Rapper mat polneschen Originnen, mat de Museker vun der Rockband «All the way down» an de Gebridder Tun & Luka Tonnar. Den Album ass produzéiert vum Serge Tonnar, dee fir MASKéNADA, nieft Eegeproduktiounen, scho Kënschtler produzéiert huet wéi Berny Z, Thierry van Werveke oder Claudine Muno.

Déi 6 jonk Museker kommen an de Cube 521 fir hiren Album, deen Elementer aus dem Hiphop, Jazz, Latin a Pop matenee verbënnt, virzestellen.
 

Tommek, Rap
John Wolter, Batterie & Rap & Gesang
Jim Thill, Gitar, Batterie
Mateus Wojda, Bass, Piano, Gitar, Gesang
Tun Tonnar, Piano, Rap & Gesang
Luka Tonnar, Gitar, Rap & Gesang

90' ouni Paus
Foto: Sam Flammang
 

Cube 521 1-3, Driicht, Marnach, Luxembourg

Kalender

Newsletter

Saalplan

Aufgrund der steigenden Nachfrage unseres Publikums wurde unser Saal vergrößert. Hier können Sie unseren neuen Saalplan als PDF-Datei herunterladen.

Presse-Bereich

connexion

Pressematerial finden Sie, wenn verfügbar, bei der jeweiligen Vorstellung unter „Presse“.

Ungültige E-mail oder Passwort. Es kann sein, dass das Konto noch nicht freigeschaltet wurde.

Anmeldung beantragen
Bei ihrer Anmeldung ist ein Fehler aufgetreten. Bitte überprüfen Sie ihre Angaben.
Ihre Anmeldung ist gespeichert. Ihr Konto wird demnächst freigeschaltet.