Uraufführung: Bounesäck a Kaffistuten Ee Pond, Zwee Pond - Kaffisschmuggel hält gesond

Text a Regie: Jemp Schuster, Koproduktion: Cube 521 & Spektakel.

Mir sinn an engem klengen Duerf am Éislek. De Krich ass eriwwer, awer déi nei Uerdnung huet sech nach net iwwerall duerchgesat.

An de Joeren 1946 bis 1953 huet de Kaffisschmuggel duerch d’Our an Däitschland eriwwer gefluppt. Déi aromatesch Boune goufen zu Köln um Schwaarzmaart zéng Mol méi deier verkaaft wéi zu Lëtzebuerg.

Ganz Dierfer am Däitsche Grenzgebitt si mam Erléis aus dem Kaffisschmuggel gebaut ginn. Eng Kierch, déi mam Kaffisaffer nei opgeriicht gouf, hunn se Sankt Mokka genannt.

Déi meescht Schmuggler haten net vill ze verléieren an hu ganz séier vergiess, datt dat Geschmuggels heinsdo schéi geféierlech war. Wann een et aus der Siicht vun haut esou kuckt, da stinn d’Hoer engem zu Bierg. Awer haut kënne mer jo driwwer laachen.

"Bounesäck a Kaffistuten" stäipt sech op d’Erzielunge vu Leit déi deemools derbäi waren. Wann net alles wouer ass, dann ass et awer gutt erfonnt.

Deenen ale Schmuggler hir Nokomme spille "Bounesäk a Kaffistuten", e lëschtegt Theaterstéck vum Jemp Schuster, dat op eng witzeg Manéier déi Raibergeschichte vu viru 65 Joer erëm opliewe léisst.

Et spillen:
Michèle Turpel, Sandie Lahure, Laure Schreiner, Sebastian Gasper, Fred Huet, Marcel Sietzen, Gregor Pesch, Vic Majerus, Ralph Braquet, Laura Eicher, Sarah Kohnen, Sandy Bormann, Xavier Létalon, Shirley Lux, Shalin Schaul, Jenna Pütz, Stephanie Willems, Samuel Simoes a Fränk Thielen.

Cube 521 1-3, Driicht, Marnach, Luxembourg

Kalender

Newsletter

Saalplan

Aufgrund der steigenden Nachfrage unseres Publikums wurde unser Saal vergrößert. Hier können Sie unseren neuen Saalplan als PDF-Datei herunterladen.

Presse-Bereich

connexion

Pressematerial finden Sie, wenn verfügbar, bei der jeweiligen Vorstellung unter „Presse“.

Ungültige E-mail oder Passwort. Es kann sein, dass das Konto noch nicht freigeschaltet wurde.

Anmeldung beantragen
Bei ihrer Anmeldung ist ein Fehler aufgetreten. Bitte überprüfen Sie ihre Angaben.
Ihre Anmeldung ist gespeichert. Ihr Konto wird demnächst freigeschaltet.