Roude Léiw, huel mech!

Satiresch Texter iwwer Lëtzebuerg. En Owend mat Literatur a Musek. Auteuren: Nico Graf, Guy Rewenig, Jay Schiltz, Jazz-Musek: Jitz Jeitz

De Programm "Roude Léiw, huel mech!" ass schonn op ville Plazen am Land mat groussem Erfolleg iwwert d’Bün gaang: dës Mëschung aus ironeschen, satireschen an zum Deel explosiven Texter iwwert eis Heemecht, gewierzt mat net manner verspillten Jazz-Stécker, ass alles anescht ewéi eng feierlech literaresch Séance.
Déi dräi Schrëftsteller gehéieren zu dene schäärfste Chronisten a Commentateuren hei am Land: den Nico Graf (RTL-Radio Lëtzebuerg), de Guy Rewenig (d’Lëtzebuerger Land) an de Jay Schiltz (Radio 100,7) sinn ënnert anerem bekannt fir hir bësseg an onkonventionell Kritike vun der Lëtzebuerger Realitéit. De Jitz Jeitz, ee vun de beschte Lëtzebuerger Jazz-Museker, suergt am Programm fir dee richtegen Toun mat senge sprëtzegen Improvisatiounen. Den Owend "Roude Léiw, huel mech!" gëtt zesumme mam Lëtzebuerger Literaturverlag ultimomondo organiséiert, dee Bicher an CDe vun dene véier Bedeelegten erausbruecht huet.

Cube 521 1-3, Driicht, Marnach, Luxembourg

Kalender

Newsletter

Saalplan

Aufgrund der steigenden Nachfrage unseres Publikums wurde unser Saal vergrößert. Hier können Sie unseren neuen Saalplan als PDF-Datei herunterladen.

Presse-Bereich

connexion

Pressematerial finden Sie, wenn verfügbar, bei der jeweiligen Vorstellung unter „Presse“.

Ungültige E-mail oder Passwort. Es kann sein, dass das Konto noch nicht freigeschaltet wurde.

Anmeldung beantragen
Bei ihrer Anmeldung ist ein Fehler aufgetreten. Bitte überprüfen Sie ihre Angaben.
Ihre Anmeldung ist gespeichert. Ihr Konto wird demnächst freigeschaltet.