En Owend op der Musel

Présentation: Henri Losch. Solistes: Gaby Wolter-Boever, Manou Walesch, Raymond Majerus, Jean-Paul Majerus. Piano: Marc Bettendorf. Violon: Ann Majerus. Contrebasse: Jean Hommel. En luxembourgeois.

ENG HELLESCHT OP DER MUSEL
Eng Operett vum Jean Pierre Dieschbourg a mat Musek vum Charles Günther.
De Jean Pierre Dieschbourg, en Iechternacher Jong, war Geometer vu Beruf a Surnuméraire um Kadaster. Nieft ville Publikatiounen iwwert seng Heemechtsstad an iwwert säi Beruf huet hien sech eng Freed draus gemaach Operetten ze schreiwen, am Genre vum Dicks senge Singspiller. De Charles Günther, Komponist vun dëser Operett, war een ausgezeechente Museker, deen de Sënn fir schéi Melodien hat, nenne mer nëmmen d’Oweslidd „Aus de Bierger duerch den Dall“, wat d’Jongen an d’Meedercher an der Lies sangen. De Günther war do dernieft en excellenten Dirigent, sou ënnert anerem laang Zäit vun der Escher Stadmusek.

DRÄI ASS GËTTLECH
Eng Operett vum Batty Weber mat Musek vum J. A. Muller. De Batty Weber, beschtbekannt als Feuilletonist mat sengem „Abreisskalender“, huet d’Lëtzebuerger Mondaartdichtung souzesoe groussjäreg gemaach an den Theater vun hei iwwert dat Provinziellt eraus op d’Brieder bruecht.

EIS MUSEL A SÄI WÄIN AN DER POESIE AN AM LIDD
Et gëtt wuel kaum eng Géigend heiheem, déi d’Dichter an d’Komponisten esou inspiréiert huet wéi eis Musel. Mat enger Auswiel där schéinster Gedichter a Lidder loosse mer eise Concert ausklénken.


 

Cube 521 1-3, Driicht, Marnach, Luxembourg

Kalender

Newsletter

Saalplan

Aufgrund der steigenden Nachfrage unseres Publikums wurde unser Saal vergrößert. Hier können Sie unseren neuen Saalplan als PDF-Datei herunterladen.

Presse-Bereich

connexion

Pressematerial finden Sie, wenn verfügbar, bei der jeweiligen Vorstellung unter „Presse“.

Ungültige E-mail oder Passwort. Es kann sein, dass das Konto noch nicht freigeschaltet wurde.

Anmeldung beantragen
Bei ihrer Anmeldung ist ein Fehler aufgetreten. Bitte überprüfen Sie ihre Angaben.
Ihre Anmeldung ist gespeichert. Ihr Konto wird demnächst freigeschaltet.