Dicksowend E flotten lëtzebuerger Owend

De Scholdschäin an d'Mumm Séiss zwee där schéinster Theaterstécker vum Dicks als Operettes concertantes presentéiert vum Henri Losch.

Sopran Gaby Wolter-Boever
Mezzosopran Manou Walesch
Tenor Raymond Majerus
Bass-Baryton Jean-Paul Majerus
Gei Ann Majerus
Piano Marc Bettendorf
Contrabass Jean Hommel

De Scholdschäin
De 25. Februar 1855 war d'Gebuertsstonn vum Lëtzebuerger Theater. Am ale Cercle-Gebäi huet d'"Gym" dem Dicks säi Kommedistéck "De Scholtschein" uropgefouert. Seng Sprooch an seng Lidder hunn esou begeeschtert, datt d'Leit deemools bal net fäerdeg gi si mat klappen. E jongt Stater Meedchen, d'Maréi, ass mam Néckel, e Schaarschtechbotzert, verlobt. Mä een ale Geck, de Buchbënner Papschossel, huet och en A op dat schéint Kand geworf. Hien hat an der Zäit där Famill Sue geléint, hat se och vum Meedchen sengem Papp erëmbezuelt kritt, mä hat vergiess de Scholtschäin zréckzeginn. Lo ass déi aarme Witfra schlecht drun, well dee lästege Freier behaapt, hie géif déi Schold vergiessen, wann en d'Meedche krit. Mä déi jonk Leit bréngen et fäerdeg deen agebilte Papschossel unzeschmieren; dee muss d'Wouerecht agestoen, an déi jonk Kanner kënnen sech bestueden.

D'Mumm Séiss
Dat schéinste Stéck vum Dicks, uropgefouert vun der 'Gym' den 11. November 1855. D'Landgespréich deemools, an déi vun der preisescher Garnisoun haten esouguer erlaabt, datt d'Festungspaarten deen Dag bis 11 Auer Owes opbleiwe konnten, fir de Leit vu baussent der Stad d'Méiglechkeet ze ginn, kucken ze kommen. Eng al Joffer, d'Mumm Séiss lieft eleng mat hirer schéiner Niece, dem Kätti. Zwéin Noperen, den Hexentommes an de Sprochmates interesséieren sech fir där aler Fra hir Mouk. Deen ee wëllt si selwer dowéinst bestueden, an deen aneren huet esou een topege Jong, deen e gär mat deem jonke Meedche verkoppele wëllt. D'Mumm Séiss huet ee schlecht Gewëssen. Si hat hiren ale Freier, e Grenadéier, sëtze gelooss, well d'Leit behaapt hunn, hie wier voll Schold. Doropshin hat deen sech um Bock erschoss, an elo héiert a gesäit si iwwerall deem säi Geescht dorëmmer geeschteren. Déi zwéin Nopere schloen nuets Räbbi Däbbi, behaapten et wier de Geescht, a bidden där aarmer Louder hir Hëllef un. D'Kätti huet awer schonns e Freier, de Péiter, mä dovu wëllt déi wënnerlech al Joffer näischt wëssen. De Péiter rett deem topegen Nopeschjong d'Liewen, an esou huet en emol de Sprochmates op senger Säit. A wéi den Hexentommes an enger grujeleger Beschwörungsszeen deen ellene Geescht verdreiwe wëllt, beweist de Péiter wat fir ee Bretzert a Fäertert deen Tommes ass, an, wéi kéint et anescht sinn, hie kritt säi Kätti.

Cube 521 1-3, Driicht, Marnach, Luxembourg

Kalender

Newsletter

Saalplan

Aufgrund der steigenden Nachfrage unseres Publikums wurde unser Saal vergrößert. Hier können Sie unseren neuen Saalplan als PDF-Datei herunterladen.

Presse-Bereich

connexion

Pressematerial finden Sie, wenn verfügbar, bei der jeweiligen Vorstellung unter „Presse“.

Ungültige E-mail oder Passwort. Es kann sein, dass das Konto noch nicht freigeschaltet wurde.

Anmeldung beantragen
Bei ihrer Anmeldung ist ein Fehler aufgetreten. Bitte überprüfen Sie ihre Angaben.
Ihre Anmeldung ist gespeichert. Ihr Konto wird demnächst freigeschaltet.