Baastenduerfer Musik zesummen mam Sängerbond HELVETIA

Erwachsene:18.00€ / Gruppe:16.00€ / < 26 Jahren:9.00

Ënnert der Leedung vum Axel Rosengarten/Baastenduerfer Musik an Andy Loor/Sängerbond HELVETIA.

Baastenduerfer Musik

D´Baastenduerfer Musik ass 1946 gegrënnt gin a besteet zur Zäit aus 42 Musikantinnen an Musikanten aus deenen 8 Dierfer vun der Gemeng Tandel.  Säit 2013 steet de Veräin ënnert der Leedung vum Axel Rosengarten. De Programm besteet aus engem gemeinsamen Deel souwéi dem Optrett vun deenen zwee eenzelne Veräiner.

Sängerbond HELVETIA

No enger Rei Kontakter am Joer 2008 tëscht de Gesankveräiner Baastenduerf, Branebuerg a Furen aus der Fusiounsgemeng Tandel, gouf de Sängerbond de 24. Januar 2009 als de facto Associatioun gegrënnt, am Kader vun enger Reunioun vu Membere vun den dräi Gesankveräiner mam Camille Kerger vum INECC Lëtzebuerg. Den 13. Juli 2011 gouf de Veräin offiziell nom Veräinsrecht gegrënnt an huet säi Sëtz an der Gemeng Tandel a ronn 50 aktiv Memberen. Zënter 2014 huet den Veräin nieft dem gemëschte Chouer och ee Jugendgrupp (Leedung Andy Loor)  an e Kannerchouer (Leedung Catherine Keup-Hengesch).

Hei déi bis lo wichtigst Opféierungen:

  • 2010: "The Armed Man, A Mass for Peace" vum zäitgenössische Komponist Karl Jenkins zu Réiden an zu Tandel viru méi wi 600 Nolauschterer.
  • 2011: "Requiem" von Karl Jenkins am Undenken un d´Affer vun der japanischer Erdbebekatastroph an Uropféierung vun "Die Auferstehung" vum Andy Loor zu Branebuerg an zu Ospern.
  • 2013: Friddensconcert "Ose Shalom" zesumme mam „königlichen Kirchenchor“ vu Recht (B) zu Baastenduerf an zu Recht.
  • 2014: "Mysterium luminis" war e spannende Concert, aus engem weihnachtlichen Deel, engem Solodeel vun der Sopranistin Marie-Christiane Nishimwe an engem ethnischen Deel mat Wierker vum K. Jenkins, Vangelis, Era. D´Opféierunge waren zu Branebuerg, zu Veinen um Schlooss an zu Recht/D
  • 2014: Weihnachtsoratorium vum J.S. Bach, an neier Form. D´Opféierungen waren viru vollen Haiser zu Branebuerg an zu Veinen um Schlooss.

Andy Loor ist klassischer Sänger und Chorleiter. Er studiert zur Zeit Chorleitung am Konservatorium in Maastricht bei Ludo Claesen, wo er gerade sein Masterdiplom macht.
 Seit 2009 leitet er den „Sängerbond Helvetia – Gemeng Tandel“.
 Ausserdem ist er Mitarbeiter des „Institut Européen de Chant Choral Luxemburg (INECC)" und der "Union Grand-Duc Adolphe (UGDA)". Ab September 2014 leitet er die "Heischter Genzebléien" und ab Dezember 2014 den "Sängerbond Diekirch".

Cube 521 1-3, Driicht, Marnach, Luxembourg

Kalender

Newsletter

Saalplan

Aufgrund der steigenden Nachfrage unseres Publikums wurde unser Saal vergrößert. Hier können Sie unseren neuen Saalplan als PDF-Datei herunterladen.

Presse-Bereich

connexion

Pressematerial finden Sie, wenn verfügbar, bei der jeweiligen Vorstellung unter „Presse“.

Ungültige E-mail oder Passwort. Es kann sein, dass das Konto noch nicht freigeschaltet wurde.

Anmeldung beantragen
Bei ihrer Anmeldung ist ein Fehler aufgetreten. Bitte überprüfen Sie ihre Angaben.
Ihre Anmeldung ist gespeichert. Ihr Konto wird demnächst freigeschaltet.