CNLiesrees... zu Maarnech

CNLiesrees... zu Maarnech

Theater
So. 04/07/2021 — 16h00
Preis Erwachsene: 0.00€
Cube Card: 0.00€
< 26 Jahren: 0.00€
Kulturpass: 0.00€
Tickets

Die Kartenreservierung ist obligatorisch.        

Email info@cube521.lu

Telefonisch+ 352 521 521 (Cube 521)

Kulturpass welcome!

Literareschen Sonnden mat Lëtzebuerger AutorInnen. Eng Liesung mam Josiane Kartheiser, Christiane Kremer a Romain Butti.

Duerch déck an dënn – vu kuerzen Texter a ville Säiten.
Eng Liesung mam Josiane Kartheiser, Christiane Kremer a Romain Butti. Moderatioun: Nathalie Jacoby

A faarwegem Look an am handleche Format presentéiert d’Serie Timba vu Kremart Édition kuerz Texter op Lëtzebuergesch, déi een iwwerall mathuele kann an ëmmer erëm gäre liest. D’Josiane Kartheiser an de Romain Butti sinn zwee vun den Auteuren, déi an dëser Serie publizéiert hunn an och an dësem klenge Format raffinéiert Geschichten erzielen. Nieft dëse kuerzen Texter presentéiert d’Christiane Kremer hiren éischte Roman De Bicherbus, deen an der – mat SREL-Affär a Regierungskris – politesch turbulenter Zäit vun 2013 spillt.

De Cube 521 a Kooperatioun mam Centre national de littérature an der Federatioun vun de Lëtzebuerger Bicherediteuren.

Foto: ©Sven Becker, Fernande Jourdain