CNLIESREES... ZU MAARNECH

CNLIESREES... ZU MAARNECH

Theater
So. 04/07/2021 — 18h00
Preis Erwachsene: 0.00€
Cube Card: 0.00€
< 26 Jahren: 0.00€
Kulturpass: 0.00€
Tickets

Die Kartenreservierung ist obligatorisch.            

Email info@cube521.lu

Telefonisch+ 352 521 521 (Cube 521)

Kulturpass welcome!

Literareschen Sonnden mat Lëtzebuerger AutorInnen. Eng Liesung mam Jemp Schuster, Joseph Kayser a Georges Kieffer.   

Erzieler an Erzielen – kleng a grouss Geschicht(en).
Eng Liesung mam Jemp Schuster, Joseph Kayser a Georges Kieffer. Moderatioun: Claude Kremer

E ganzt Joerhonnert erzielt de Jemp Schuster a senge Romaner Bluttsëffer an Ouereschlëffer a gëtt domat dem Liewen an engem Éisleker Duerf Faarf an Toun. Spannend ass dat, wat do geschitt, genau wéi dat, wat sech am Joseph Kayser senger Erzielung Gleef net wat d’Fréijoer der versprécht hannert den Diere vun enger privater Bank ofspillt, an där d’Vergaangenheet e laange Schied wërft. An och dat, wat d’Personnagen am Georges Kieffer sengem Roman Iwwerliewen vu Syrien bis op d’Musel er- an iwwerliewen. An déi angeblech kleng Geschichte vun all eenzeler Figur spillt dobäi ëmmer erëm d’Weltgeschicht eran.

De Cube 521 a Kooperatioun mam Centre national de littérature an der Federatioun vun de Lëtzebuerger Bicherediteuren.


Fotos ©Serge Hoffmann, Rob Kieffer, Lisa Folschette