D’Geschicht spillt ëm 1900 am Minett, zu Zowaasch.
Vun 1874 bis 1904 goufen am Süde vun eisem Land knapps 100 Milliounen Tonne Minett erausgeholl. Bis zu 12 Stonnen den Dag gouf geschafft, ausser Sonndes. An dëser Period waren 120.000 Biergleit an de Galerien an an de Schmelzen beschäftegt.
Dausenden Aarbechter koumen deemols an d’Land, eng Parti och aus dem Eisleck, an immens grouss sozial a gesondheetlech Problemer blouwen net aus. D’Uertschaften am Süden waren op deen Ustuurm net viirbereet.
Den „Här vu Zowaasch“ ass Patron iwwer eng sëllichen Schmelzen a Grouwen. Wi fréier de Buerghären, gehéiert him zu Zowaasch alles – d’Aarbechter an hiir Familljen inklusiv.
D’Stéck weist eis d’Liewen vum Här vun Zowaaasch, de Grof Jean-Baptiste de Girault mat senger Famill ...
...an dat aremséilegt Liewen vun de Minnenaarbechter mat hire Familljen.
No dem mysteriéisen Doud vun engem Kolleg kënnt et zur Revolte.
Regie: Marc Olinger
Regie-Assistenz: Francis Lippert
Koordinatioun: Joe Heintzen
Bühn & Dekoren: Jeanne Kratochwil
Et spillen Akteuren aus den UGDA Theater Veräiner: Romain Welter, Liette Engel-Schanet, Stefano d’Amore, Luc Lamesch, Georges Kremer, Pierre Strasser, Christine Hermes-Logelin, Frank Leonardy, Lily Muller-Kessel, Patrick Coenjaerts, Carlo Steyer, Monique Zeimet-Schroeder, Fabienne Schaack, Diane Schwickerath, Chantal Godart, Nadia d’Amore-Fumanti, Joelle Muller
|
|