Programm
 
deutsch français
Et geet elo duer

Fr 22.02.2013 20:00 Uhr
Sa 23.02.2013 20:00 Uhr

Et geet elo duer

Kabarä Jemp Schuster


Eintrittspreise: Erwachsene: 16,00 € / Gruppe: 13,00 € / Ermäßigt: 8,00 €
Tickets:
- telephonisch: +352 521 521 (Cube 521), +352 47 08 95 1 (Luxembourg-Ticket)
- per Email: info@cube521.lu
- online auf LuxembourgTicket.lu (nur Erwachsenen-Tarif):
   Fr 22.02.2013 20:00 Uhr
   Sa 23.02.2013 20:00 Uhr

Zanter 30 Joer steet de Jemp Schuster elo mat senge Kabaräsprogrammer op de Bühnen zu Lëtzebuerg. Et gëtt bal keen Duerf oder keng Stad déi en net an där Zäit besicht huet. Wéivill dausend Leit hu mat him gelaacht, oder hunn e bei der Däiwel gewënscht, wann en alt erëm iwwer Themen a Persoune gelästert huet, déi an den 80er Joeren nach tabu waren, an et deelweis haut och nach sinn. Dat ass awer keng Ursaach fir se ze verschounen.

Wann een dat esou laang mécht, an awer d’Welt net verännert huet, muss een sech dann nach ëmmer drun halen? Neen, et muss een net, an dofir geet et och elo duer. 2012-13 ass déi lescht Tournée wou de Jemp Schuster iwwer Land zitt, an deenen do uewen et nach eng Kéier lafe léisst.

Ween also bei dësem Showdown, dëser leschter Ofrechnung, déi doutsécher och e bëssen nostalgesch wäert ginn, derbäi si wëllt, wann de Jemp äddi a merci seet, dee soll sech en Owend fräihalen.