Den Dicks alias Edmond de la Fontaine, eisen Nationaldichter, huet eng Onmass vu Gedichter geschriwwen. Vill dovunner si bekannt, well hien se fir seng Theaterstécker geschriwwen huet, a selwer vertount huet. Awer en huet der vill méi opzeweisen, fir Grouss a fir Kleng, spaasseger, verdréinter, eeschter an nodenklecher, spëttescher a sarkasteger.
Säin éischt Spottlidd, seng Freed de Kanner eppes ze bidden, seng Gedichter wou en d’Léift beséngt a kritesch ënnert d’Lupp hëlt, seng Lyrik, Verse vum Feinsten, seng schnokeg Reimen, schallekseg an näischnotzeg zegläich, seng Satiren, wouran en de Clergé op d’Schëpp hëlt, a seng Balladen, eeschter an amusanter.
Héich interessant ass et déi all, oder bal all, an engem Liesowend z’erliewen, herrlech musikalesch ënnermoolt vun där sensibler Cellistin, Judith Lecuit. Do léiere mer all Facettë vum Dicks senger dichtereger Oder kennen a mir si paff, wéi ofwiesslungsräich säi Schaffen ass. Wien dëse Liesowend erlieft huet, ka behaapten, datt en d’Chance hat e bësse méi an d’Séil vun deem grousse Lëtzebuerger ze luussen.
Judith Lecuit
Si ass eng vun deenen aktivste Cellistinnen zu Lëtzebuerg. No hire Studien am Conservatoire hei zu Lëtzebuerg, eng Zäit wou se scho ganz jonk Präiser vun den UGDA an U.F.A.M Concourse gewonnen huet, ass si weider an d’Ausland studéiere gaangen. Metz, d’Musikhochschule vu Köln, Stuttgart sinn déi nächst Etappen vun hire Studiejoren wou se hiert Spill als Cellistin a Kammermusikerin verfeinere konnt. Si huet sech vum Orchesterspill ugezu gefillt, an esou gouf si Solo-Violoncellistin am Orchestre des Jeunes de la Communauté Européenne, vum Gustav-Mahler Jugendorchester an dem RIAS Jugendorchester Berlin. Zwee Joer laang am Orchester vun der Däitscher Staatsoper Berlin huet si ënnert der Leedung vum Daniel Barenboim d’Welt vun der Oper kenne geléiert an als Member vum Quatuor Ariosa vu Stuttgart konnt si hiert Kënnen an der Kammermusek ënnert Bewäis stellen. Haut ass si Solistin bei dem Orchestre de chambre du Luxembourg-Les Musiciens an ass ee beléifte Gaascht bei ville Concerten hei an am Ausland.
Henri Losch
Gebuer zu Dikrech, de 16.Juli 1931. Pensionéierte Schoulmeeschter aus der Stad Lëtzebuerg a Chargé-de-cours fir Dictioun zu Esch am Conservatoire, Theater a Filmacteur, Member vum «Lëtzebuerger Theater» 1962-1973, Grënnungsmember vum TOL, Dréibuchauteur vun zwou grousse Filmproduktiounen, „Déi zwéi vum Bierg“ an „De falschen Hond“, realiséiert vum Hei Elei, fräie Mataarbechter bei RTL, Conférencier a Presentateur vu Concerten, beschäftegt hie sech zënter 1990 besonnesch mat der Lëtzebuerger Sprooch, schreift Bicher fir Grouss a Kleng, haaptsächlech op Lëtzebuergesch a gëtt och emol Lëtzebuerger Course fir Auslänner, déi hei am Land schaffen.
|
|