Programm
 
deutsch français
Orpheus an der Ënnerwelt

So 04.11.2012 17:00 Uhr

Orpheus an der Ënnerwelt

D’Opéra du Trottoir präsentéiert dem Jacques Offenbach seng meeschtgespillten Operett. Eng humorvoll Iwwersetzung an d’Lëtzebuergescht an eng sprétzeg Inszeenéierung vun Hartmann & Hoffmann.
Mam Fernand Delosch, Serge Schonckert, Carlo Hartmann, Yannchen Hoffmann, Gaby Wolter, Marc Dostert, Annette Schlechter, Al Ginter, Marcel Heintz, Mady Weber. Dänzerinnen vum Li Marteling. Musikalesch Leedung: Carlo Jans


Eintrittspreise: Erwachsene: 20,00 € / Gruppe: 16,00 € / Ermäßigt: 10,00 €
Tickets:
- telephonisch: +352 521 521 (Cube 521), +352 47 08 95 1 (Luxembourg-Ticket)
- per Email: info@cube521.lu
- online auf LuxembourgTicket.lu (nur Erwachsenen-Tarif):
   So 04.11.2012 17:00 Uhr

Chouer a Komparserie vun der Opéra du Trottoir. D’ Musék gouf extra fir d’Opéra du Trottoir live agespillt vum Latvian Philharmonic Chamber Orchestra vu RIGA. Sound-Design: Marco Battistella. Kostümer: Yannchen Hoffmann

Dir gidd Zeien, wann de Gott Pluto (der Deiwel a Persoun) versicht dat baufällegt Bestiednis vum Geieprofesser Orpheus ze ruinéieren, andeems en séng Fra Euridike an d’Ënnerwelt entféiert. Zum Gléck kënnt déi dynamesch Journalistin vun der Émissioun “Den Nool ouni Kapp“ op déi göttlech Iddi, d’Euridike beim Chef vum Olymp, dem Jupiter héchstperséinlech zréckzefroen. Deen huet awer mëttlerweil selwer Appetit op déi bestuete Fra kritt a beschléisst eng Inspectioun an der Ënnerwelt ze machen. Well an der Hell ëmmer eppes lass ass, geet dee ganzen “olympesche Comité“ mat an den Hades. Matzen am Hallygally versicht de Jupiter - als Méck verkleet - sech un d’Euridike erun ze maachen, mat fatale Konsequenzen...