Programm
 
deutsch français
Klangfaarwen

Do 18.10.2012 20:00 Uhr

Klangfaarwen

Eng Liesung mam Jhemp Hoscheit mat musikalescher Ënnerstëtzung vum Julien Arpetti, Gitar a Gesang.


Eintrittspreise: Erwachsene: 16,00 € / Gruppe: 13,00 € / Ermäßigt: 8,00 €
Tickets:
- telephonisch: +352 521 521 (Cube 521), +352 47 08 95 1 (Luxembourg-Ticket)
- per Email: info@cube521.lu
- online auf LuxembourgTicket.lu (nur Erwachsenen-Tarif):
   Do 18.10.2012 20:00 Uhr

Et ass eng aussergewéinlech Liesung, wou Text a Musek sech klanglech ofwiesselen an iwwerraschend vermëschen. Eng musikalesch a literaresch Zäitrees an dem Jhemp Hoscheit seng Wierderwelt.

De Jhemp Hoscheit gehéiert zu den erfollegräichsten lëtzebuerger Auteuren. Hien ass bekannt als Auteur vu sou munchen Kanner- a Jugendbicher, satireschen Texter, Theaterstécker a Romaner. Fir säin eischten Roman "Perl oder Pica" huet hien 1999 den Servais-Prais gewonnen. D’Buch ass 2005 no engem Dréibuch vum Viviane Thill vum Pol Cruchten verfilmt gin. Dem Jhemp Hoscheit säin zweeten Roman, "Aacht Deeg an der Woch", huet 2006 de lëtzebuerger Buchpräis kritt a viru kuerzem ass säin eischten Krimi "Mondelia" erauskomm.