Räpzodi, dat ass Rap an Zodi, also Schwätzgesang a Kaméidi.
De Rap ass op Lëtzebuergesch an den Zodi ass akustesch, also net, wéi gewinnt am Hiphop, mat fäerdeg produzéierte Beats & Samples, mee mat richtegen akusteschen Instrumenter. Et ass déi neisten Museksproduktioun vum Kënschtlerkollektiv a Musekslabel MASKéNADA, ronderëm den Tommek, de jonke lëtzebuerger Rapper mat polneschen Originnen, mat de Museker vun der Rockband «All the way down» an de Gebridder Tun & Luka Tonnar. Den Album ass produzéiert vum Serge Tonnar, dee fir MASKéNADA, nieft Eegeproduktiounen, scho Kënschtler produzéiert huet wéi Berny Z, Thierry van Werveke oder Claudine Muno.
Déi 6 jonk Museker kommen an de Cube 521 fir hiren Album, deen Elementer aus dem Hiphop, Jazz, Latin a Pop matenee verbënnt, virzestellen.
90' sans pause
photo: Sam Flammang
