Zuppermänner

Erwachsene:20.00€ / Gruppe:17.00€ / < 26 Jahren:10.00

Eng Cabaret-Séance vum Guy Rewenig.

Schauspill: Christiane Rausch
Musek: Jitz Jeitz
Regie: Guy Rewenig
Design: Pat Wengler

Zuppermänner -korrekt: d'Supermänner- sinn déi Halschent vun der Mënschheet, déi ëmmer nees mat grandiosen Iddien opfält: si schnëssen, bis se bal keng Stëmm méi hunn, himmelen d'Technik un, och wa se guer net fonctionnéiert, fille sech de Fraen haushéich iwwerleeën, hale sech fir politesch Capacitéiten, verkafen och hir gréissten Dommheeten nach als Glanzleeschtungen, triede gär a grotesken Uniformen op (als Pompjee, Zaldot, Grandück, Finanzgenie, Rebell, Kaploun a Paschtouer), erfanne surreal Saachen, wëllen ëmmer nëmmen dirigéieren, dominéieren, intriguéieren, spekuléieren, randaléieren, dementéieren, theoretiséieren, paradéieren an impressionnéieren. Si sinn ebe vu Kapp bis Fouss ganz einfach zupper.

Dat Besonnescht um Guy Rewenig sengem neie Cabaret-Programm Zuppermänner ass, datt hei eng Fra -d'Schaupillerin Christiane Rausch- en duerch an duerch sarkastesche Bléck op déi komplex Männerwelt werft. Den Jazz-Museker Jitz Jeitz däerf mat Saxofon a Klarinett de Prototyp vum Mann spillen.

Produktioun: Théâtre National du Luxembourg a Kulturhaus Miersch

Cube 521 1-3, Driicht, Marnach, Luxembourg

Kalender

10 Jahre

Dance, theatre, music & conferences all year round in the north of Luxembourg.


Newsletter

Saalplan

Aufgrund der steigenden Nachfrage unseres Publikums wurde unser Saal vergrößert. Hier können Sie unseren neuen Saalplan als PDF-Datei herunterladen.

Presse-Bereich

connexion

Pressematerial finden Sie, wenn verfügbar, bei der jeweiligen Vorstellung unter „Presse“.

Ungültige E-mail oder Passwort. Es kann sein, dass das Konto noch nicht freigeschaltet wurde.

Anmeldung beantragen
Bei ihrer Anmeldung ist ein Fehler aufgetreten. Bitte überprüfen Sie ihre Angaben.
Ihre Anmeldung ist gespeichert. Ihr Konto wird demnächst freigeschaltet.