Oper an al-nei Lëtzebuerger Lidder.
D’Chorale municipale Sainte-Cécile vu Woltz presentéiert ee Vokalconcert fir 2019 unzefänken. Mat bekannten Oper- an Operettechéier, deels mat Solisten, sprëtzeg, festlech an och lëschteg, begleeden d’Sängerinnen an d’Sänger de Publikum an dat neit Joer.
D’INECC huet an de leschte Jore méi a manner bekannte Lëtzebuerger Lidder nei arrangéiere gelooss. D’Chorale Woltz séngt di flottst Wierker aus dësem neie Repertoire. De Chouer gëtt begleet vu senge Pianisten a verschiddenen Enseignanten vun der Wëltzer Musikschoul.
D’Direktioun läit an den Hänn vum Josy Putz a Claude Windeshausen.
D’Chorale Woltz ass um lokalen, regionalen an nationale Plang zanter Joerzéngten ëmmer rëm duerch hir weltlech a kirchlech Concerten am Land präsent. Niewent der Verschéinerung vun de Gottesdéngschter, séngt d’Chorale regelméisseg gréisser Wierker aus der klassescher Chouerliteratur, begleet vun engem Orchester oder mat Piano oder Uergel. Bekannt ginn ass de Veräin och duerch dat alljäerlecht Opféiere vu Lëtzebuerger Musekstheaterstécker.
