Serge Tonnar & Legotrip "Bommeleeër Buddha"

Erwachsene:25.00€ / Gruppe:20.00€ / < 26 Jahren:12.00

zesumme mam Bommeleeër Chouer. Rom Christnach: Bass, Gesang. Eric Falchero: Tasten, Gesang. Misch Feinen: Schlogezei, Gesang. Serge Tonnar: Gittaren, Gesang. Boris Dinev: Marimba. Carole Weber: Perkussioun

De Bommeleeër an de Buddha leie wäit auserneen, an dach huet jidderee vun eis e bësse vun deenen zwee a sech. Um Serge Tonnar sengem neie Wierk mat Legotrip, op deem 18 Stécker z'entdecke sinn, geet et ëm d'Roll vum Mënsch a vum Kënschtler, tëscht dem Bommeleeër, also dem aktiv an der Gesellschaft implizéierten an engagéierte Bierger, an dem Buddha, oder dem Philosoph deen, aus enger spiritueller Distanz, e liicht ironesche Bléck op déi selwecht Gesellschaft gehäit. An déi zwee sinn, méi wéi ëmmer, néideg fir als "Mënsch deen dësen Numm och verdéngt" duerch d'Liewen ze trëppelen, och wann et an VerLoscht heescht: "Mir ginn net duerch d'Liewen, d'Liewe geet duerch ons".
De Bommeleeër ass hei natierlech net den Terrorist, mee de Kënschtler, dee mat faarwege Bommen aus Wierder an Noute säi Bäitrag fir déi bescht méiglech Gesellschaft leescht. An am Buddha ass d'Distanz déi e brauch, fir iwwert säi klengen Ego, säi Lego a säin Trip eraus ze wuessen, an eens mat der Welt ze ginn an ze sinn. Déi nei Lidder, un deenen zanter Enn 2015 geschafft gëtt, wollte fir d'éischt musikalesch net sou richteg beienee passen, well d'Influenze vu Volleksmusek iwwer Hiphop, Blues, Gospel, Reggae bis Salsa an Tango ginn.
Déi gesichten Eenheet ass dunn mat den ongewinnten Arrangementer komm, mam Boris Dinev senge Marimbakläng an dem Eric Falchero senge Stëmmen fir gemëschte Chouer. Och nei Versioune vun dräi Lidder, déi de Serge virdrun am Allenggang erausbruecht hat, passen esou an dat Ganzt.

Bommeleeër Chouer
Sopran: Catherine Sauer, Gaby Wolter-Boever, Karin Muller
Alt: Astrid Majerus, Myriam Weisgerber, Carine Weicherding
Tenouer: Raymond Majerus, Arend Herold
Bass: Carlo Entringer, Manfred Logelin, Jean-Paul Majerus

Dauer: 120' ouni Paus

telefonisch:
+352 521 521 (Cube 521),
+352 47 08 95 1 (Luxembourg-Ticket)

E-mail: info@cube521.lu

online auf LuxembourgTicket.lu
(nur Erwachsenen-Tarif):

KARTEN KAUFEN

Cube 521 1-3, Driicht, Marnach, Luxembourg

Kalender

10 Jahre

Dance, theatre, music & conferences all year round in the north of Luxembourg.


Newsletter

Saalplan

Aufgrund der steigenden Nachfrage unseres Publikums wurde unser Saal vergrößert. Hier können Sie unseren neuen Saalplan als PDF-Datei herunterladen.

Presse-Bereich

connexion

Pressematerial finden Sie, wenn verfügbar, bei der jeweiligen Vorstellung unter „Presse“.

Ungültige E-mail oder Passwort. Es kann sein, dass das Konto noch nicht freigeschaltet wurde.

Anmeldung beantragen
Bei ihrer Anmeldung ist ein Fehler aufgetreten. Bitte überprüfen Sie ihre Angaben.
Ihre Anmeldung ist gespeichert. Ihr Konto wird demnächst freigeschaltet.