Ouere gespëtzt…an d'Aen grouss op! Well et gëtt net nëmmen ze lauschteren mee och ze kucken...Grimassen a Gesten an…wat fir eng Geschicht als nächst aus der aler Këscht erausklëmmt. Well déi Këscht ass bis uewenhi gefëllt mat witzegen, trauregen, spannenden, mee virun allem Lieblings-Geschichten aus verschiddenen Ecker vun der Welt. A wee weess, vläit gëtt et och nach eng nei z'erfannen?
