No engem Joer Paus ass d’Revue, dee beléifte Lëtzebuerger Cabaret, nees do ! Den Ensemble "Nei Revue Asbl" steet mat engem lëschtegen an ofwiesselungsräiche Programm op de Brieder, a féiert domat déi grouss Lëtzebuerger Theatertraditioun weider. Humoristesch, zäitkritesch Sketcher a Lidder loossen dat vergaangend Joer zu Lëtzebuerg Revue passéieren. Laachen ass ugesot !
Dauer: 60' Paus 70'