D’Lëtzebuerger So, d’Lëtzebuerger Seechen, ass haut net méi sou lieweg, wéi viraals Dicks a Grimm se geschriwwen haten. Niddergeschriwwen. Well “erfonnt” hate si se jo net. Héchstens rëmgesicht an noerzielt, déi eng poetesch déi aner kal-neutral wéi an der traditioneller popülärer Erzielfuerschung.
An eisem Soen-Owend an der Moderner Uucht verziele mer, wat Soe sinn, wéi s’entstinn a wat se “soen”, och déi vun haut, déi modern urban legends.
`t gëtt en Owend, wéi d’Leit soen, dee versprécht, wat en hält … oder hält, wat e versprécht, oder net? – Wat soll een do soen?
Wat?
Lëtzebuerger Soen.
Wat soen se dann?
Da kommt lauschteren. Texter a Musek.
Gei: Tonia Schockmel. Klarinett: Catherine Treinen. Akkordeon: Aleksandar Savic. Kontrabass: Delphine Mendes Da Costa. Perkussioun: Eva Schockmel.
Dauer: 70 Minuten ouni Paus