Pschhhhhht, lauschter !!...Hues de dat héieren ? Do huet et dach geknackt a gewibbelt…do ! Hannert deem Bam ! Ass et e Wollef ? Oder nëmmen de Jeeër ? Oder awer vläit ee Bëschgeescht ?
Laf, séier, et gëtt scho ganz däischter an iergendwou ass bestëmmt eng kleng Hütt…mee wee wunnt scho matte am Bësch ?!
Ma d’Bomi…oder ass dat doten awer der Hex hiert Haus ?
Am Bësch geschéie ganz vill gelunge Saachen…kommt mat, mir bleiwen all beieneen, da kann eis näicht geschéien. An et si jo och just Geschichten..also alles nëmmen erfonnt…oder awer net ?
Kommt a lauschtert Iech se un, déi Bëschgeschichten, well d’Betsy erzielt Iech där eng Rëtsch !
