Wann d’Laurence an de Bruno owes heemkommen, fannen si an hiirem Salon en Honnerteuroschäin. Deen Dag drop leien e puer Schäiner do. Vun Dag zu Dag ginn et der ëmmer méi. Bëndele vu Billjeeën fëllen hiirt Appartement, sou wéi wann et Geld géif reenen. Am Ufank intriguéiert, panikéieren se lues a lues wéinst deene ville Suen. Si froen sech souguer op d’Paula, hiir portuguiesesch Haushaltshëllef, net derhannert stécht. An dëser absurder Situatioun verwandlen d’Laurence an de Bruno, déi e ganz normale Stot féieren an e gesond Verhältnis zum Geld hunn, sech a Superegoisten wann et drëm geet ze wëssen op se dat suspekt Geld sollen halen oder kucken em lass ze ginn.
Et entsteet e regelrechte Kampf tëscht Moral a Profitsucht deen nëmme ka verluer gon... Wann dann abeemol e paranoiaquen a bewaffneten Noper, dee behapt beklaut ginn ze sinn, un hiir Diir klappt, dann dréinen déi zwee duerch… Eist Verhältnis zu deem léiwe Geld gëtt an der Farce vum Sébastien Thiery op eng „phantastesch“ Manéier op d’Schëpp geholl. DenTheater.lu présentéiert wéi ëmmer e Kaméidistéck voll witzeger Dialoguen mat engem "burlesk-trageschen" onerwarte Schluss. Do gëtt et vill ze laachen.
