Mam: Yves Bourgnon, Claude Faber, Al Ginter, Carlo Hartmann, Tom Hecker, Sandra Heintz, Alain Hertges, Alexandre Hornbeck, Steven Klopp, Noémie Leer, Manfred Logelin, Monique Melsen, Joëlle Muller, Elsa Rauchs, Monique Schartz, Raoul Schlechter, Monique Schumann, Vanessa Specogna, Michèle Turpel.
Bühnebild: Christoph Rasche
Kostümer: Christian Klein
Luuchten: Daniel Sestak
Maquillage: Joël Seiller
Regie-Assistenz: Nadine Ewerling
Kostüm-Assistenz: Denise Schumann
Live Orchester
Cembalo: Georges Urwald
Braatsch: Renata van der Veyver
Akkordeon: Nataša Grujović
Tenorsaxofon: Pol Dahm
Sousafon: François Ewen
Perkussioun: Franck Hemmerlé
Um Enn vum 19. Joerhonnert kämpft eng Famill vu Mamer all Dag, wéi vill aner Famillen zu där Zäit, ëm d’Iwwerliewen. D’Zäite si schlecht zu Lëtzebuerg. De Papp huet keng Aarbecht méi an d’Famill fänkt un Honger ze leiden. Si denken driwwer no d’Land ze verloossen an de Papp decidéiert datt hien, mat senger Fra an den zwee Kanner, an Amerika auswandert. Di ganz Famill mëscht sech op de Wee op eng laang a beschwéierlech Rees, mee wou si bis op där anerer Säit vum grousse Pull ukomm sinn, entdecken si eng nei Welt. Eng ganz nei a komesch Welt.
Awer fannen se och hiert Gléck? Dat ass eng aner Fro... Eng ural Story?
Villäicht.
Eng Schnok vu fréier? Eventuell.
Een historesch korrekt erzielten Drama? Neen.
D’Geschicht widderhëlt sech an Parallelen zu haut sinn net ze iwwersinn.
Genee wéi dës Famill vu Mamer, sinn zanter éiwegen Zäiten Leit ënnerwee op der Sich nom Gléck, no Sécherheet, no Fridden. Oder einfach no enger Verännerung.
Koproduktioun: Théâtre National du Luxembourg, Kinneksbond - Centre Culturel Mamer.
(c) Bohumil Kostohryz
Dauer: 60' Paus 60'
