Déi bescht Manéier, aus der Landschaft ze verschwannen

Erwachsene:25.00€ / Gruppe:20.00€ / < 26 Jahren:12.00

Koproduktion: Les Théâtres de la Ville de Luxembourg, Cube 521, Trifolion. E Stéck vum Guy Rewenig. Inszenéierung vum Charel Muller. Et spillen: Christiane Rausch, Jean-Paul Maes, Pitt Simon, Brigitte Urhausen, Nilton Martins.

D'Félicie an den Heng, eng eeler Koppel vum Lampertsbierg, fueren an e Schwäizer Kurhotel. Wat si do maachen a firwat et si an d'Schwäiz verschléit, ass laang Zäit net kloer. Si behuele sech ewéi zwee Gedriwwener, déi et doheem net aushalen an dobaussen an der Friemt net glécklech ginn. Jiddefalls gerode si an der Schwäiz op eng Zort Geeschterbunn: Alles, wat si erliewen, gëtt ëmmer méi koppeg a bosseg, d'Gläichgewiicht tëscht dem Félicie an dem Heng ass empfindlech gestéiert, a wa si op eemol am Kurhotel aner Lëtzebuerger begéinen, déi hinne komplett géint de Stréch ginn, eskaléiert déi ganz Situatioun. Mee wat stécht hannert där kuriéiser Schwäizer Eskapad? Den déiwe Grond kënnt nëmme stéckweis eraus, iwwert Undeitungen a Gefillsausbréch, an et däerf een unhuelen, datt déi richteg, schrecklech Geeschterbunn doheem um Lampertsbierg steet.

De Guy Rewenig huet säi Stéck ugeluecht als Geschicht iwwert d'Léift vun zwee Leit, déi net méi vill mateneen ufänke kënnen an awer op eng batter Manéier vuneneen ofhängeg sinn. Si péngege sech, maache sech Virwërf, streide vu mueres bis owes, fir dann nees momentweis friddlech a verstänneg mateneen ëmzegoen. Si sti sech selwer am Wee, kënnen net iwwert hire Schiet sprangen, an awer kënnt kee vun deem anere lass. Den Text – eng Suite vu rapiden, intensiven Dialoger – wiesselt stänneg tëscht Tragik a Komik, et gëtt Szeenen, déi engem d'Tréinen an d'Aen dreiwen, an anerer, déi un d'Optrëtter vun zwee Clownen erënneren. An iwwert allen Episoden a Statioune steet d'Fro: Wéi laang kann dat do nach gutt goen? Wéini kënnt déi grouss Katastroph?

* Déi bescht Manéier, aus der Landschaft ze verschwannen ass ee vun den Texter aus dem Buch mam selwechten Titel, dat 2015 am Verlag Guy Binsfeld erauskoum. 

Foto: Bohumil Kostohryz.
.  .  .  .  .  .  .  .  .  .  . 

Dieses Theaterstück in luxemburgischer Sprache kann auch im Rahmen des Theater-Abos, (4 Vorstellungen zur freien Auswahl zum Vorzugspreis von 78 €), zusammen mit ROMEO & JULIET (23.11.2018), WIE IM HIMMEL (13.1.2019), WUNSCHKINDER (10.2.2019), GEORGE DANDIN (4.4.2019), DAS ABSCHIEDSDINNER (9.5.2019) gebucht werden.
Auf Wunsch können auch folgende Vorstellungen im ABO alternativ integriert werden:
ÀMIRÓ (6.10.2018)
FRANKENSTEIN (4.11.2018)
LENZ (14.6.2019)

telefonisch:
+352 521 521 (Cube 521),
+352 47 08 95 1 (Luxembourg-Ticket)

E-mail: info@cube521.lu

online auf LuxembourgTicket.lu

KARTEN KAUFEN

Reservierung
Tarif Kulturpass : + 352 521 521 / info@cube521.lu

Cube 521 1-3, Driicht, Marnach, Luxembourg

Kalender

Newsletter

Saalplan

Aufgrund der steigenden Nachfrage unseres Publikums wurde unser Saal vergrößert. Hier können Sie unseren neuen Saalplan als PDF-Datei herunterladen.

Presse-Bereich

connexion

Pressematerial finden Sie, wenn verfügbar, bei der jeweiligen Vorstellung unter „Presse“.

Ungültige E-mail oder Passwort. Es kann sein, dass das Konto noch nicht freigeschaltet wurde.

Anmeldung beantragen
Bei ihrer Anmeldung ist ein Fehler aufgetreten. Bitte überprüfen Sie ihre Angaben.
Ihre Anmeldung ist gespeichert. Ihr Konto wird demnächst freigeschaltet.