De Kapitän Mullebutz a seng Séisswassermatrousen komme vun enger laanger Rees nees zeréck Heem op Lëtzebuerg. Hiert Häerz ass voller Musek an de Kapp ass voller Erënnerungen un d’Länner déi si gesinn hunn. Ma doheem ass et awer am schéinsten an dofir wëlle si mat hire Frënn e grousst Fest feieren. An Dir sidd invitéiert!
De Kapitän Mullebutz, d’Madame Li an d’Séisswassermatrousen sange flott Kanner- a Wanterlidder vun heiheem an aus frieme Länner. D’Lidder erziele vun den Abenteuer déi si erlieft hunn, vum Liewen u Bord a wat ee brauch fir e richtege Matrous ze sinn.
Mat bekannte Vollekslidder & Lidder vum Pir Kremer/Jempy Kemmer, Toni Schuster/Marcel Reuland, Michel Lentz, Georges Urwald, Romy Grangenet a Ralph Kilburg an anerer. Op lëtzebuergesch a fir jidderee vu 4 Joer un.
Besetzung:
Dan Tanson – Iddi, Konzeptioun a Gesank
Georges Urwald - Arrangementer, Piano, Akkordeon, Klackespill
Christian Peckels / Paolo Simoes - Gittar
Tom Wiot - Bassgei
Jhang Kohnen - Trompett
Noemie Leer - Gei a Gesank
Gast Gnad - Trombonn
Max Sauber – Getrommels
Paul Dahm / Jessica Quintus - Saxophonen
Georges Majerus - Tountechnik
Arend Herold – Produktiounsleedung
Milla Trausch – Bléck vu baussen
Aline Janssens – Gesankscoach
Claude Grosch - Visuals
Joey Adam – Kostümer
Théâtres de la Ville – Produktioun
Chantier Mobile asbl – executiv Produktioun
Mat der Ënnerstëtzung vum MINISTÈRE DE LA CULTURE, Fondation Indépendance, SACEM.
Foto: J.Unsen
Dauer: 60'
