D’Geschicht erzielt d’Abenteuer vun engem klengen Elefant, de Babar, deen an di grouss Stad leeft nodeems seng Mamm vun de Jeeër erschoss gouf. Hei begéint hien enger Fra, déi all seng Wënsch vun de Lëpsen ofliest. Hie léiert Auto fueren, Kuch iessen an huet iwwerhaapt vill Frënn. Ma hien verlaangert awer souvill dass et net laang dauert, an hien zeréck bei d’Elefante wëll. A wat do geschitt verrode mer elo net !
Den Ausgangspunkt vum Projet ass di eenzegaarteg Musek, déi de Poulenc 1940 geschriwwen huet. Eng Musek déi Biller entstoe léisst an an der vill Poesie stécht. D’Verzauberung an d’Kraaft vum Schiettheater huet dem TRAFFIK THEATER hei ideal geschéngt fir di delikat Musekswelt a Biller ëmzesetzen. Esou huet d’Cie dem Babar seng Abenteuer, déi 1931 vum Jean de Brunhoff opgeschriwwe goufen an d’Ästhetik vum ‘Art Deko’ gesat, fir esou d’Geschicht am Charme vum ‘Entre Deux Guerres’ bueden ze loossen. D’Verbindung vun de Schieter mat der Musek léisst esou d’Sensibilitéit an d’Zäertlechkeet vun dëser dach origineller Geschicht spierbar ginn.
Méi wéi 80 Joer no senger éischter Publikatioun, begeeschtert de Babar nach ëmmer Kleng an Grouss mat senger Poesie an der Kraaft vun der Musek.
« BABAR ass e wonnerbare Vintage-Spektakel, dee vun enger zeitloser Musek begleed gëtt !»
Im Sommer 1940 besuchte der Komponist Francis Poulenc Freunde auf dem Land. Eine seiner kleinen Nichten kam zu ihm ans Klavier und stellte das Buch Babar, der kleine Elefant von Jean de Brunhoff aufs Notenpult: „Spiel mir diese Geschichte.“ Er begann zu improvisieren und notierte jene Motive, die ihr gefielen. Er gab das Projekt aufgrund dringender Arbeiten auf, doch fünf Jahre später forderte ihn eben diese Nichte erneut auf, jene Geschichte zu spielen. Und diesmal komponierte Poulenc, bis er vollendet hatte. So entstand L'Histoire de Babar, le petit éléphant für Klavier und Erzähler – die Geschichte des kleinen Elefanten, der als Kind zu den Menschen kommt und versucht ein Leben wie ein Mensch zu leben.
Matt der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture, Ministère de l’Éducation nationale et de la Formation professionnelle/SCRIPT
